https://generic-cialisonline.com/

Joan Back

Catégories : 
Candidat(e)s 2017
Commune : 
Kehlen
Profession : 
Éthnologue / Pédagogue
Localité : 
Kehlen
Date de naissance : 
Adresse : 
18, rue du Centre L-8282 Kehlen

Ech sinn d'Joan Back an ech hunn 33 Joer.

Ech hunn Ethnologie a Pädagogik an der Goethe Universitéit zu Frankfurt am Main studéiert. Säit zwee Joer sinn ech als Remplaçante an enger Crèche zu Stroossen täteg, mee sinn awer tatkräfteg op der Sich no engem festen Job.

Ech sinn mat 12 Joer an eis schéi Gemeng, op Kielen, wunne komm an hunn hei bis ech der 18 hat gewunnt. Meng Première hunn ech zu Tréier um Humboldt Gymnasium gemaach an sinn dunn 1 Joer dono op Frankfurt geplënnert an hunn do knapp 9 Joer laang gewunnt, geschafft an studéiert.

Mir leien Integratioun a Gläichberechtegung staark um Häerzen, an ech wëll mech fir ons Jugend, respektiv eis Kanner asetzen fir hinnen e schéine Wunnraum hei zu Kielen ze bidden. Virun allem awer och fir déi sozial manner staark Mënschen wëll ech mech asetzen an hinnen Gehéier schafen. Och ons MigrantInnen leie mir um Häerz an ech setze mech ganz gäeren fir sie an, fir hinnen Kielen respektiv ons lëtzebuergesch Kultur an Traditiounen mei no kënnen ze bréngen.

Ech hoffen op äer Ënnerstëtzung fir dass mer ons kleng schéi Gemeng nach mei gréng kennen maachen.