Jean-Claude Schmitz

Catégories : 
Candidat(e)s 2017
Commune : 
Kehlen
Profession : 
Ingénieur diplômé
Localité : 
Olm
Adresse : 
23, Abraham Lincoln L-8333 Olm

Ech sinn de Jean-Claude Schmitz, hu mëttlerweil 64 Joer, wunnen an der Cité zu Ollem, si bestuet an hunn dräi Kanner, déi all scho grouss sinn.

Zu Zürich hunn ech fir Ingenieur an och nach Betriebswirtschaft studéiert an hunn duerno a 4 verschiddene Länner fir 7 verschidde Firmen geschafft, an alle méiglechen Funktionen.

Die meeschten Zäit hunn ech do an Ëmwelt- a Sëcherheets-Beräicher vun der Auto-Industrie verbruecht a bei mengem Passage am Centre de Recherche Public hunn ech mech mat Energie-Froën beschäftegt.

Elo maachen ech just nach Energie-Berodung an Interim-Management, wann d’Geleegenheet sech bidd.

Mech interesséieren gudd Diskussionen, mat zum Schluss KonKlusiounen, die dann ëmgesat ginn. Daat speziell zu Themen wéi Ëmwelt, sief global oder lokal, oder eist globalt Finanzsystem, besonnesch säit der Finanzkris.

Ech haat soss kaum Zäit, fir mech an d‘Themen vun eiser Gemeng eranzeschaffen; dat géif ech elo mol wëllen nohuelen, a mäin Deel leeschten, dass et bei eis (nach) besser geet. Dat soll am Aklang mat der Ëmwelt bei eis an op der Welt, am Aklang mat eise finanzielle Méiglechkeeten, an an der Zesummenaarbecht mat de Bierger, de Kollegen, de Ministären an de Nopeschgemengen geschéien.

Flott wier et, méi fir lokal Energie-Produktion ze maachen, mat Photovoltaïk a Wandmillen, an dann och d‘Energie vum Daach mat Späicheren an d’Nuecht eriwwer ze retten.
D’Verkéierssituation an den Haaptachsen vun eiser Gemeng, speziell zu Keespelt, Kielen an Ollem verdéngt et ganz nei opgestallt ze ginn.

Wunnzonen verdéngen et, méi biergerfrëndlech ze ginn. Schéin Bürosgebaier matten am Duerf géifen et villen vun eis erlaben, moies dohinner ze trëppelen a vun do aus déi meeschten Aarbecht ze maachen. Ëm halwer 11 kann een dann déi aner Leit aus dem Duerf bei enger Taass Kaffi begéinen a mëttes nach eventuell an der Cantine oder am Restaurant. Dat géif et erlaben eng gudd Partie vum Verkéier iwwerflësseg ze maachen.