Christiane Rübensaat

Catégories : 
Candidat(e)s 2017
Commune : 
Kehlen
Profession : 
Propriétaire d'un salon de coiffure, d'onglerie et petit commerce
Localité : 
Kehlen
Email : 
chrissis@outlook.com
Téléphone : 
621599999
Date de naissance : 
Adresse : 
1a, rue d'Olm L-8281 Kehlen

Ech heeschen Christiane Rübensaat (bestued Piron), éischter bekannt ënnert dem Numm Chrissi an hun elo 56 Joer.

Ech si Mamm vun 3 Kanner an zënter 2 Joer stolz Bomi. Ech wunnen a schaffen zu Kielen op der Rue d´Olm, vis-à-vis vum chinesischen Restaurant „Kai Yu“.

Virun 11 Joer sin ech als Allengerziehende mat menge Kanner an eist schéint Kielen geplënnert wo mir eis immens wuel fillen.

2008 hun ech mech als Coiffeursmeeschtesch mat engem Service à domicile fir Hoer a Neel selbstständeg gemeet. Zenter 2014 hun ech elo an mengem Haus mäin Coiffeursalon, Neelstudio an Shop fir ökologesch Produitën.

Mir läit virun allem de Verkéier, eis Waasserversuergung, d'Jugend, eist eeler Matbierger an, ganz wichteg, méi Matsproochrecht fir all Bierger aus der Gemeng um Häerzen. Ech wäert mech dofir asetzen dass et endlech mat enger Ëmgéiungsstrooss virugeet an dass eng Spazéierzone vun der Seniorenresidenz, laanscht d'Schoul, d'Apdikt an d'Spillschoul bis zur Gemengenplaz entsteet. Do solle Plazen entstinn mat Gréngzonen, Beem, Terrassen wo sech Jong an Manner Jonk sech begéinen an d'Leit Virrang virum Verkéier hunn.

Ech sin immens houfreg dass ech bei dëse Wahlen op der Lëscht vun déi gréng matwierken däerf. Mir ass kloer ginn, dass wann ee näischt mëcht, een och net meckeren däerf wa näischt geschitt. Ech hu wëlles fir all Bierger vun der Gemeng Kielen an virun allem eise Kanner nohalteg eng besser Zukunft ze bidden.

Dofir hoffen ech op äer Ënnerstëtzung den 08. Oktober fir dass eis Gemeng erëm mei gréng gëtt.